Newsletter · novembre 2026
Bolles
Whisky
Mir freeën ons Iech an dëser Newsletter onsen éischten Whisky virzestellen an spéider och iwwert all Feedback.
The Spirit of Éislek
D’Geschicht liesen
Édition limitée
Luxembourg Single Grain Whisky
Orge non maltée (82 %) du Naturpark Our et orge maltée. Élevé en barrique de chêne manufacturée par les artisans-tonneliers François Frères (Bourgogne) ayant contenu du pinot noir bio de la Maison viticole Schmit-Fohl, à Ahn/Moselle.
Distillé, maturé et embouteillé en 2026 au Clos du Fourschenhaff à Eschweiler. Édition limitée de 400 bouteilles de 50 cl. Brut de fût, non filtré, 57,5 % vol.
Voir l’étiquette originale
D’Newsletter
D’Geschicht vum Bolles Whisky
Den Ufank
Virun 10 Joer, am Wanter 2016/17, si mir vun Éinen op Eeschwëller bei Wooltz geplënnert. Haut si mir di nërdlechst Brennerei am Land. Fréier wor dat aneschters.
Am Joer 1887 goufen 2038 Brennereien zu Lëtzebuerg gezielt, bei deemools 210.000 Awunner mécht dat 1 Brennerei op 100 Awunner. Op villen Dierfer wor eng oder méi Brennereien, och am Éislek. Well de Buedem aarm an de Klima mi rau wor wéi op der Musel oder am Sauerdall hunn d’Éisleker haaptsächlech Kar (Seigle, Roggen) destilléiert. Am Joer 2025 si nach just 34 Brennereien enregistréiert.
D’Iddi fir ee regionale Produit, de Fruuchtbranntwäin (Kar, Geescht, Weess, Spelz, Wëllkar), hierzestelle louch op der Hand.
Well d’Maischevergärung aneschters verleeft wéi beim Uebst, si mir an Däitschland a Cours gaangen, hunn ons eng Stee-Mille fir d’Kären zu Miel ze verschaffen an en extra Bottesch fir d’Vergärung vun der Maisch kaaft. Merci dem Naturpark deen eis bei dësen Investitiounen ënnerstëtzt huet.
D’Kären
Den Geescht (Orge, Gerste) fir de Bolles Whisky kënnt vum Biohaff Fischbach vun Aischer aus dem Naturpark Our. De Bio-Malz (och Geescht) hu mir am Ausland akaaft well et zu Lëtzebuerg leider keng Malzerei mi gëtt.
Wéi schonns gesot, et ass ons wichteg ee regionale Produit ze entwéckelen deen sech op d’Lëtzebuerger Traditioun vum Fruuchtbranntwäin baséiert. Mir wëllen (a kënnen) kee schotteschen mat Torfgoût oder een ireschen, japanesche Whisky kopéieren.

D’Barrique
Whisky ass jo u sech näischt aneschters wie e Fruuchtbranntwäin deen am Faass geräift ass. Mam Ënnerscheed dat d’Fruucht (meeschtens Kären aus Geescht) deelweis oder ganz gemalzt goufen. Fir de Whisky muss d’Destillat wéinstens dräi Joer laang am Faass räifen. De Choix vum Faass huet ee groussen Afloss op den Aroma. Awer dat ass net esou einfach.
Vill Whisky ginn a Fässer aus amerikanescher Eech (Quercus alba), wou eemol Bourbon dra wor, geräift. Dës Eech gëtt een Aroma vun e.a. Vanill a Karamell am Géigesaz zu onsen Eechefässer aus Quercus robur di méi Lou (Tanin) hunn.

Den Toasting an de Grain vum Faass spillen och eng Roll: light, medium oder heavy toast. Beim Medium Toast entstinn Aromaen vu Vanill, Hunneg, Karamell, Nëss. Bei enger feiner Maserung vum Holz gëtt manner Lou fräigesat an dëse grain fin dréit zu engem méi komplexen Aroma bäi.
Den amerikanesche Bourbon Whisky gëtt ëmmer an engem neie Faass aus Quercus alba geräift. Europäesch Whiskye ginn a Fässer geräift, wou virdrun z. B. Porto, Sherry, Sauternes, Bordeaux etc. gelagert gouf. Natierlech huet dat och en Impakt op de Goût.
Dir verstitt et ass net einfach ee Choix ze treffen, et ass e bëssi eng Lotterie. Grouss Brennereien hunn e Profi agestallt deen iwwert Joren soss näischt mécht wéi sech ëm d’Fässer ze këmmeren, als kleng Brennerei hu mir een oder e puer Fässer an dann ass et dat.
Mir wollten ee Lëtzebuerger Whisky, dofir d’Wiel op eng Barrique bourguignonne (Artisan-tonnelier François Frères, 228 Liter) vun der Maison viticole Schmit-Fohl vun Ahn wou véier mol beschte Lëtzebuerger Pinot noir dra geräift ass.
Bolles
Et ass den Hausnumm vum Haff zu Eeschwëller an elo fir onse Whisky. Et wor d’Barbara Bolles di den Haff am Joer 1773 gebaut huet.
Merci dem Steph Meyers fir den Design vun den Etiketten an dem Logo, iwwert Joren mécht hien dat als Scoutefrënn fir onse klenge Betrib.

D’Resultat
Distilléiert op onser 150 L Kolonnebrennerei, ass onse Whisky, grad wéi d’Uebstdestillater, e cœur de chauffe, dat heescht et gëtt kee Vir- oder Nolaf weiderverschafft. De Mëttellaf (d’Häerzstéck) huet méi wéi 80 % Alkohol. Dësen hu mir op 62 % verdënnt an 3 Joer am Faass gelagert. Aus den 228 Liter sinn der 200 L iwwregbliwwen zu 57,5 % Alkohol. Di aner Literen si verflunn, d’angel’s share.
Mir hunn de Bolles Whisky als brut de fût agefëllt, édition limitée op 400 Fläschen. Sou wéi ons Uebstdrëppen ass onse Whisky net filtréiert an ouni Zousaz vun Aromen oder Zocker.

De Goût
Am beschte selwer schmaachen, a klenge Schlippercher, sou wéi dir et gären hutt: puer, mat e bëssi Waasser verdënnt, mat Äis. Mir ginn do keng Recommandatioun, jidderee mécht wéi et him am beschte schmaacht.
Onse Frënnt Frédéric Meens säi Kommentar:
Au nez · Amandes, massepain, subtil à cause de l’orge malté, on ne sent pas les 57,4 % vol. d’alcool, grain de pivoine (dû au pinot noir).
Verre vide · On sent le fumé.
En bouche · Gras, longueur, particulièrement long en bouche.
Schmaachen
Mir ware frou onse Whisky op der 20 Joer Feier vum Naturpark Our den 2. Oktober um Veiner Schlass offiziell ze presentéieren.
Dir sidd häerzlechst invitéiert de Bolles Whisky ze schmaachen:
- Um SUPER MAART am Espace culturel vun de Rotondes, de Weekend vum 19. an 20. Dezember vun 10 bis 18 Auer.
- Um Wanterfest zu Rulljen/Wooltz, e Samsdeg den 19. Dezember vun 17 bis 21 Auer.
Dir kritt en och op letzshop.lu oder bei ons an der Brennerei op Rendez-vous. De Präis ass 58 € TTC.
